Dikricher Photo-Club
Expo 2022
Blum Ben: Laanscht d'Sauer
Ma collection a été développée le long de la Sûre, à Diekirch, pendant les saisons d'automne des années 90, sur support diapositives couleurs. Les jeux de couleurs, les transformations et distortions qui sont au centre de la série, ont été réalisés lors de la prise de vue à l'aide de filtres analogiques.
Blum Carlo: Niwwel
De Niwwel spillt mat der Landschaft. Hien léisst Dierfer verschwannen, aus Beem entstinn abstrakt Formen , hien pecht wéi Watt um Buedem an erschaaft eng ganz besonnesch Atmosphäre.
D'Landschaft ass d'Bühn, de Niwwel den Acteur.Hien erzielt seng Geschicht Kontinuéierlech entsteet Verännerung, Momenter mat kuerzem Bestand.
Dës Fotoen sinn eng Invitatioun den Dall vun der wäisser Ernz ze besichen an dës formidabel Momenter ze erliewen
Jos Borschette: Fokus Stacking
Ee grousse Problem bei der Makro-Fotografie ass déi geréng Déifteschäerft vun dacks nëmmen e puer Millimeter. De Fotograf muss sech entscheede wéi een Deel dass soll schaarf sinn, oder e muss säi Sujet esou fotograféieren, dass e méiglechst parallel zum Capteur (Film) ass.
D' digital Fotografie kann dës Zwéckmillchen dank dem "Focus Stacking" ëmgoen. Dofir ginn eng Rei Fotoe gemaach, wou de Fokuspunkt vu vir no hanne verréckelt gëtt. Um Computer ginn déi verschidde Fotoe kombinéiert, sou dass ëmmer nëmmen dee schaarfen Deel vun all Foto benotzt gëtt, an eng Kombinatioun vun all deene Fotoe gëtt dann dat komplett Bild. Verschidde modern Apparater kënnen dat och schonn alles selwer maachen. De Fotograf muss awer trotzdeem astelle wéi vill Fotoe gemaach ginn, wéi weit de Fokus sech beweegt, asw.
Tëscht den eenzelen Fotoen däerf de Sujet sech natierlech net beweegen. Bei där klengster Lëftche beweegen d’ Blieder an d’ Blummen sech awer wéi ee Kou Schwanz. Dofir muss een am beschten den Aascht oder Stengel fixéieren. Ech wollt nämlech d’ Opnamen am natierlechen Ëmfeld maachen.
No vill experimentéieren hunn ech déi hei Serie vu méi ongewéinlechen Bléien- a Blummefotoen zesummegestallt.
Marcel De Cecco : Sotto marina
Sotto Marina ass en Uertschaft am Po-Delta an Italien. Typesch fir des Géigend sinn déi kleng Fëscherbuden mat hiren Netzer di ob der Platz, wou d'Fotoen entstane sinn, am Mier fëschen.
D'Buden ginn zu engem groussen Deel net méi als Fëschhaiser, mee als Restauranten oder Weekendhaiser benotzt.
D'Fotoen sinn am Wanter entstanen an ech invitéieren Iech hei hinner ze kommen.
Pierre David: Serre
J’aime bien les serres, surtout celles un peu improvisées. Il y fait bien chaud, la lumière est intéressante et varie selon l'usure du plastique. En plus elles sont habitées par des personnages sympathiques.
Marc Hermes: Mes objets journaliers
Ech haat mer Gedanken driwer gemaat fir Objet'en aus mengem Alldag duerzestellen déi een op eng interessant Art a Weis kann photograféiren an zwar esou datt een se ka betruechten an engem schéinen Liicht. Et senn Objet'en déi net vun sech aus net unbendingt schéi senn awer duergestallt op eng méi kënstleresch Art a Weis. Fir net zevill schärft an der Déift ze verléiren bestinn déi eenzel Biller aus 2 bis 3 Photoen wou d'Schärftepunkten gewielt gi senn fir dem Bild méi eng interessant déift ze ginn.
Joe Herrmann : Sewing Kit
Säit mëttlerweil gudde 6 Méint maachen ech d’Bitzzëmmer vu menger Fra am Keller frësch, wat mat sech bréngt datt d’Bitzgeschier provisoresch an der Stuff ënnerbruecht ass. Dest huet mech dozou inspiréiert, Detailfotoen vun dene Saachen ze maachen fir se herno an dat fäerdegt Bitzzëmmer ze hänken. Während dem fotograféieren ass mer agefall datt mer um Späicher och nach eng antik Bitzmaschinn haten, déi zwar net méi funktionell ass, awer immens dekorativ.
Nicole Lanners : „Eng Foto gemach“
Mir 6 Joer, an 44, kennen d'Nicole zanter 6 Joer, respektiv 20. Hat hat réischt Gebuertsdag (40 Joer.) An all Bild gesinn mer eppes wat fir d'Nicole an deem Joer eng Bedeitung huet. Wéi eng …?
Nico PATZ / Gardenparty
Et war esou ëm d'Päischten,
'T stung Alles an der Bléi,
An d'Villercher di songen
Hir Lidder spéit a fréi.
Du rifft de Patze Nico,
All Déier op e Fest
Am Mecherwee zesummen,
An 't koumen all seng Best.
...fräi nom Michel Rodange
Marc Seil : MW 2022
Des Serie illustréiert een puer vun den onendlechen Scenen di een als Visiteur vum Miniatur Wunderland an de "Speicherstadt" zu Hamburg entdecken kann.
Ob der Modell Eisebunn Streck vun iwwert 16km gëtt et vill Méiglechkeeten sech als Fotograf auszetoben. Fotoen aus dëser Serie bréngen iwwert Perspektiv an den grapheschen Cadrage di puer interessant Seene zesummen an sollen Loscht maachen sech dat ganzt och selwer ob der Platz unzekucken. Et lount sech.
Tun Thiefels : Pont de Normandie
De Pont de Normandie verbennt d'Uertschaften „Le Havre“ an „Honfleur“ mateneen. Drënner fléisst „d'Seine“.Ech sinn schons e puer Mol driwer gefuer, awer dëst imposant Wierk nie richteg gekukkt. Hu mer Zäit geholl, fir esou no ewéi méiglech ze fotograféieren. Esouwuel drënner ewéi drop ass et riseg grouss. Gebaut gin ass d'Bréck an den Joeren 1988 bis 1995 a gouf am Joer 1995 ageweiht. Si ass 23,6m breet an 2141m laang. An der Mëtt ass se 52m héich fir dat och grouss Schëffer drënner erduerch passen. D'Pylonen hun eng Héicht vun 203m. An der Mëtt ongeféier ass d'Trennung vun den Départementer „Calvados“ an „Seine Maritime“.
Marie-Paule Weis-Barthel : Nature morte
L'acte photographique ne se résume pas à saisir mon appareil, cadrer mon sujet puis déclencer l'obturateur, mais une bonne photo nécessite de la réflexion et de la préparation.
L'implication et l'expression personelles doivent également entrer en ligne de compte.
Inspirée et influencée par les „Vieux Maîtres“ (tels Chardin, Dupius, Meléndez, etc.), j'ai voulu créer une série de „Nature morte“ a base d'objets quotidiens, de peu d'apparence.
Après de nombreux tâtonnements, mon choix est tombé sur le mode d'éclairage présent, qui souligne la simpicité des objets et crée en même temps une ambiance mystique.
DPC - Copyright 2024