Dikricher Photo-Club
Expo 2020
Blum Carlo: VerDichtung
Le point de départ de ma collection est la nature en évolution ainsi que la photographie panoramique.
La collection documente les transformations du paysage de ma région au fil du temps et des saisons. Elle joue sur les géométries des prises de vues et présente la photo panoramique de façon pliée pour arriver à une image comprimée.
Je vous invite à observer ces œuvres, à vous laisser emporter les ambiances et à reconstruire leurs espaces.
Jos Borschette: Creatures
Hëlzen Eisebunnsschwellen sinn dach esou vill méi interessant wéi déi aus Bëton. Si hunn e puer Liewen: nodeems si bei den CFL aus gedéngt hunn, sinn si nach gutt zolidd Pottoen fir een Zonk ronderëm eng Perch ze maachen. Wa si dann vu Reen a Sonn verwittert goufen, sinn si zwar net méi sou stabil, mee si kënnen nach ouni Zweiwel hire Reiz als Konschtwierker ausspillen. Et muss een se just op sech awierke loossen, a schonn erkennt een z. B. Gesiichter. Dir gesitt vläicht aner Kreaturen dran wéi ech. Loosst är Fantasie spillen.
Joe Herrmann : Touristen
Meng Serie weist ganz verschidden Typen vun Touristen, déi ech op der Plaz virum Schloss Schönbrunn fotograféiert hunn. Fir d'éischt war et fir d'Zäit doutzeschloen, mee dunn hunn ech gesinn datt et een intressante Sujet ass an hu méi gezielt fotograféiert.
Nicole Lanners : #VakanzDoheem
Ech hunn versicht déi kleng Eskapismen anzefänken, déi een am (Virus)-belaschtenden Alldag sou brauch. D'Farwen symbolisiéieren d'Liewensfreed, déi een am sech an der groer Emwelt därf slwer gestalten.
Yves Maurer : Iași noaptea
Iasi ass eng Stad am Oste vu Rumänien wou den Auteur an deenen leschten zéng Joer oft higefuer ass. Während dëser Zäit huet séch d’Stad vill gewandelt an gesäit e just nach tëschtder Façade Stécker vun der Vergaangenheet ënnert dem Kommunismus. Nuets, am Wanter verleeft dat modernt an den omnipräsenten groe Betong.
Nico PATZ / Teide
Den Teide op Teneriffe as den héchsten Bierg vun Spuenien. Ech hat am Oktober 2018 d'Geleeënheet 5 Deeg am Teide Nationalpark ze wanderen, am Stärenobservatoire ze schlofen an um Gipfel op 3.718 m d'Sonn opgoen ze gesinn.
Marc Seil : belval17
Serie belavl1720 besteet aus enger Selektioun vun Biller di zu Belval agefaangen sinn am Zäitraum vun 2017 bis 2020. Fotoen hunn ech ëmmer beim Wee ob oder vun der Aarbecht gemaach. Allgemeng illustréiert dees Selektioun di aktuell industriell souwéi modern geradlinnich Architektur zu Belval aus menger Perspektiv. Allgemeng sinn fir mech Widderhuelung, flaach Perspektiv, negative space an di klassesch Andeelung vun der Photo wichteg an soll zousätzlech dat industriellt/modern Ënnersträichen. An doraus ergëtt sech eng Serie di aus enger Mëschung vun Street an Graphescher Illustratioun. Och an Zukunft wäert des Serie ëmmer weider Entwéckelt ginn.
Tun Thiefels : Nice vieille ville
Ech wor zu Nice an sin durch d'Alstad getrëppelt ouni Ziel. De Fotoapparat wor och derbei,ech wosst awer net richteg, wat ech sollt fotograféieren. Iwerall Touristen! Hun dun geduecht,kuck net nëmmen no fir, mä och no hannen, uwen an ënnen. Hei ass d'Resultat beim no uewen kucken.
Marie-Paule Weis-Barthel : Funny Creatures
Op a Floumaart goen oder bei Nei Aarbecht virwëtzegoen ass fir mech als Fotografin vun dëser Serie eng beléiften Beschäftegung. Esou hunnech dëst schéint aalt Stéck entdeckt a mat heem geholl. En Erwuessenen gesäit jo direkt datt dat eng al Schreifmaschinn ass. Ech hu mir virgestallt wéi Kanner des Maschinn erliewen a gesinn. Mat Kanneraen hunn ech mech op d'Sich gemaach fir onbekannte Figuren a Wiesen ze fannen. Mat engem kléngen Wiessel vun der Perspektiv an mat méi engem intuitive Kucken, hunnech e sëllegen Gestalten entdeckt a fotografesch festgehal. Esou ass et zu dëser Fotoserie komm. D'Maschinnsteet och hei, Dir fannt vläicht nach aner komesch Liewensformendran. Vill Spaass beim Sichen.
DPC - Copyright 2024