Dikricher Photo-Club
"An Dikrich"
"An Dikirch"
Tëschent 1960 an 2005 huet den Dikricher Photo-Club een Archiv opgebaut fir dat kulturellt Liewen an déi baulech Changementer zu Dikrich ze dokumentéieren. Dëst Archiv war d´Basis fir d´Ausstellung "Dikrich a Biller 1960-1975", déi am Kader vun der 750-Joresfeier 2010 zu Dikrich organiséiert gouf.
Fir den 70ten Anniversaire vum Dikricher Photo-Club hu mer eis entscheed erëm eng Kéier eisen fotografeschen Bléck op Dikrich ze riichten.
Dobäi hu mer verschidden Zieler verfollegt. Op der enger Säit war de Wellen do fir eist Archiv mat aktuellen Biller ze erweideren. Ausserdeem wollten mer e Projet starten wou mir eis Memberen a Kontakt mat den Dikricher Leit konnten bréngen, an hinnen och e Kader ginn wou se sech als Fotografen konnten weiderentwéckelen.
Aus deenen Iwwerleeungen ass de Projet „An Dikrich“ gebueren ginn. E Projet deen sech ronderëm d´Foussgängerzon konzentréiert an d´ Passanten an d' Commercen an Szen setzt.
De Projet, a Form vun Atelieren, ass vun Abrëll 2018 bis Juni 2019 gelaf. Gruppen vun zwee Fotografen kruten jeeweils hiren Sujet um Weekend matgedeelt an wärend der Woch hu mer zesummen kommentéiert, selektionéiert an versicht eis Approche unzepassen.
Et gouf vill diskutéiert wéi een eng Persoun approchéiert fir se ze portraitéieren, mat wéi engem Liicht soll geschafft ginn oder wéi een Standpunkt een soll anhuelen fir een Geschäft ze fotograféieren.
D´Leit déi mer portraitéiert hunn waren alleguer ganz positiv vis-a-vis vum Projet agestallt. Mir goufen mat oppenen Ärem empfong. De Kontakt war immens häerzlech. Als Fotografen haten mir vill Spaass.
Beim Projet goufen méi wéi 6000 Biller realiséiert. 85 vun deenen sinn an der Ausstellung ze gesinn déi vum 20/09/2019 bis den 07/10/2019 an der aler Kierch zu Dikrich ass.
Um Projet „An Dikrich“ hu matgeschafft : Barthel Marie-Paule, Berrend Chrëscht, Blum Ben, Blum Carlo, Borschette Jos, Dahm Jacques, De Cecco Marcel, Hermes Marc, Herrmann Joe, Lanners Nicole, Maurer Yves, Patz Nico, Seil Marc, Thiefels Tun,
De Projet ass a From vun engem Buch presentéiert ginn.
DPC - Copyright 2024